E Sonndeg de Moie krut d'Police vun Awunner an och dem Buergermeeschter eng illegal Partie an engem Bësch an der Géigend vum Park Housen gemellt.

Direkt e puer Leit, dorënner och den Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, hate sech beim 113 gemellt, dat ass am Bulletin vun der Police ze liesen.

Déi éischt Patrullen hätte confirméiert, dass Musek ze héieren war. Si hunn e puer Autoe gesinn an hu Verstäerkung gefrot, well e Fierschter op der Plaz geschätzt hat, dass iwwer 200 Leit op der Plaz am Bësch wären.

Nach e puer zousätzlech Patrulle wären dunn op d'Plaz gefuer, fir déi illegal Party opzeléisen.
Déi genee Ëmstänn vun der Feier wäre mat de Fierschteren gekläert an un de Parquet weidergi ginn.

Déi meescht Persounen hätten e Mask ugehat, wéi d'Beamten ukoumen, a wäre kooperativ gewiescht. D'Police hätt d'Donnéeë vun esou vill wéi méiglech Leit wëlle sammelen. D'Identitéit vu 50 Persoune gouf festgehalen. Déi meescht ware keng Residenten. Wéi d'Police schreift, hätt sech erausgestallt, dass d'Party wuel am Virfeld op de soziale Medien organiséiert gi war, an dat warscheinlech aus den Nopeschlänner eraus.

Et goufe Plaintë gemaach, grad ewéi Rapporte wéinst Infraktiounen am Naturschutzgesetz a Corona-Reegelen, géint déi verstouss gouf. Op der Plaz war nieft der Police och d'Naturverwaltung.

Op Nofro hin huet den Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, den Romain Wester, och confirméiert, dass et sech bei der Partygesellschaft net ëm Residentë gehandelt huet.

Déi Autoen, déi him entgéint koumen, an déi een op Fotoe gesi géing, wären an Holland oder an der Belsch immatrikuléiert, esou de Buergermeeschter. Dee ka sech net erklären, firwat déi Leit grad do feiere wollten. Et ass e gréissere Bëschkomplex, deen zwar ganz beléift wär bei Leit, déi gär trëppelen, eng Party hätt de Romain Wester awer nach ni do gesinn.

Extrait Romain Wester (1)

De Buergermeeschter ass nawell net frou iwwer dës Situatioun a resüméiert: "De Virus kennt keng Grenzen, mä d'Dommheet an deem heite Fall och net."

Extrait Romain Wester (2)

Net nëmmen am Norde vum Land hu sech d'Leit net un d'Corona-Mesurë gehalen. Géing 2.30 Auer e Sonndeg de Moie gouf nach an enger Disko an der Rue d'Audun zu Esch gefeiert. D'Police huet Party opgeléist, d'Disko zougemaach an den zoustännege Ministère gouf informéiert.

Och zu Sandweiler gouf e Samschdeg den Owend géint 22.30 Auer haart Musek an engem iwwerfëlle Café der Police gemellt. Bei enger Kontroll goufen d'Reprochë bestätegt. Et gouf eng Plainte géint de Gerant gemaach, dee selwer net op der Plaz war. Och hei gouf de Ministère informéiert.