Um nationale Commemoratiounsdag gouf e Sonndeg un all déi Lëtzebuerger geduecht, déi hiert Liewe fir d’Weiderbestoe vun eisem Land geaffert hunn.

Zanter 1946 rifft d'Regierung all Joer zu dësem Dag op. De Fokus e Sonndeg awer louch op de Lëtzebuergerinnen, déi ënnert den Nazien an d'Zwangsaarbecht hu misse goen. Ënnert hinnen d'Maisy Ginter-Bonichaux. Eng 96-Joer-al Fra, déi selwer 1943 rekrutéiert gouf.

De Premier Xavier Bettel: „De meeschte vun eis ass d'Schicksal vun de Männer wärend dem Krich bekannt. Mir hu se am Kapp. Mä de Sort vun de Fraen aus dem Joergang 1920 bis 27, déi als Zwangsaarbechter hu missen an den "Reichsarbeitsdienst", ass awer leider aus de kollektiver Memoire verschwonne gewiescht. Mir sinn also zesummekomm, fir och eise Meedercher hir Plaz an der Geschicht erëmzeginn.“

Ze laang gouf e wichtegt Kapitel vu der Lëtzebuerger Geschicht net geschriwwen.

D'Presidentin vum Comité pour la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale, Claude Wolf: „Fir dëst Kapitel unzefänken, hu mer quasi bis op de leschte Stëppel gewaart. Et huet déi ganz Energie an de ganzen Asaz vun enger vun de leschten Iwwerliewende gebraucht, fir datt et esou wäit kënnt.“

No der Gare goung et traditionell erop bei d'éiweg Flam um Kanounenhiwwel – do, wou deene geduecht gëtt, déi fir d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg gestuerwe sinn. Et ass e patriotesche Moment un deem och de Fräiwëllege "Merci" gesot gëtt, déi alles ginn, fir d'Memoire um Liewen ze behalen.

E puer honnert Meter niewendru gouf beim Shoah-Monument un déi lokal jiddesch Affer geduecht, déi ënnert den Nazien ëm d'Liewe koumen. E wichtegen Akt, well et wier kee Geheimnis, datt den Antisemitismus sech nees méi manifestéiert, sou de President vum israelesche Consistoire, Albert Aflalo.

Sech asetzen, fir eng oppe Gesellschaft ze bleiwen, an déi mënschlech Valeuren net aus dem Aen ze verléieren, sinn déi grouss Defien, déi eiser Gesellschaft bleiwen, esou och de Constat e Sonndeg de Mëtten um Hinzerter Kräiz.

D'Erënnerungsaarbecht wier esou wichteg ewéi jee fir eng fräi Gesellschaft an engem solidareschen Europa.

Op e sëllege Plazen am Land goufen et de Weekend iwwer Zeremonien.