E Méindeg de Moie krute sech op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz e Camion an en Auto ze paken.

De Chauffer vum Camion krut wärend dem Fueren e Malaise. De Mann ass mam Camion op d'Iwwerhuelspuer geroden a krut hei en Auto liicht ze paken. De Camionschauffer krut säi Gefier awer nees ënner Kontroll a konnt et widdert de Leitplanken un d'Stoe bréngen.

Fir den 38 Joer ale Mann koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz un de Suitte vu sengem Malaise gestuerwen. Den Automobilist gouf beim Tëschefall net blesséiert a konnt nom Ophuele vun den Donnéeë wéinst dem Accident weiderfueren. Déi riets Spuer war wärend dem Asaz gespaart an de Verkéier ass iwwert d'Iwwerhuelspuer weidergaangen. De Parquet huet d'Autopsie vum Verstuerwenen ordonéiert.