E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, op 135 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 112 positiv geteste Persounen. Et goufen 1.049 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganzen 11.010 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 945.919 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et 2.404 aktiv Infektioune gëtt an 8.471 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 63 (+12) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 Patienten dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,20. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.