Um Dënschdeg de Moie koum et um CR122 tëscht Roudemer a Gonnereng zu engem Accident mat déidleche Suitten. En Auto an e Camion ware frontal anenee gerannt.

Den Accident war géint 8.45 Auer. Eng 63 Joer al Fra vu Gonnereng war aus ongekläerter Ursaach vun der Strooss ofkomm an ass op der Géigespuer mat engem Camion kollidéiert. Duerch de Schock gouf den Auto déi aner Säit an d'Wiss geschleidert. Fir d'Automobilistin sollt all Hëllef ze spéit kommen. Si ass nach op der Plaz gestuerwen.

De Camionschauffer gouf net blesséiert.

Nieft dem Samu waren och d'Pompjeeë vu Jonglënster a Mensder op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Jonglënster.

Och de Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d'Plaz geruff.

E sëllegen Accidenter um Dënschdeg de Moien

Géint 6.30 Auer sinn tëscht Leideleng an der Kockelscheier op der Héicht vun der Autobunnsopfaart Richtung Stad en Auto an e Moto anenee gerannt. 2 Persoune goufe blesséiert. De Motocyclist ass spéider u sengen uerge Blessure verstuerwen.

D'Pompjeeë vu Monnerech an aus der Stad waren am Asaz, grad ewéi de Samu an Ambulanze vun Diddeleng an aus der Stad.

Tëscht Fréiseng an Uespelt ass géint 8.40 Auer en Auto an e Bam gerannt. D'Ambulanz vu Réimech an d'Pompjeeën Uespelt/Fréiseng waren op d'Plaz geruff ginn. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 9.30 Auer ass tëscht dem Schléiwenhaff a Riedgen e weideren Auto an e Bam gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeën aus der Stad a Leideleng ware sur place, grad ewéi d'Ambulanz aus der Stad.

E Motocyclist ass géint 9.40 Auer tëscht dem Briddel a Koplescht mat senger Maschinn gefall. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeë vu Koplescht an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.

Op der A3 a Richtung Rond-point Gluck op der Héicht vun der Aire de Berchem gouf et en Accident mat engem Camion. Dësen hat gréisser Repercussiounen op den Trafic, et gouf bis zu 13 Kilometer Stau.