Och knapps eng Woch no der Presentatioun vum Staatsbudget 2021 dréint sech hannert de Kulissen an der Chamber vill ronderëm den Budget.

Finanzkommissioun / Reportage Pierre Jans

Den Dënschdeg de Moie war de Finanzminister Pierre Gramegna nees an der Chamber an der zoustänneger Kommissioun, zesumme mat den héije Beamten aus der Inspection Générale des Finances a Representantë vum Tresor.

D'Deputéiert vu Majoritéit an Oppositioun haten d'Geleeënheet, sech nach eng Kéier iwwer déi grouss Linnen am Budgetsprojet ze renseignéieren. Virop natierlech d'Mesure, dass an Zukunft d'Geschäfter vu Fonge mat Lëtzebuerger Immobilie vum 1. Januar u mat 20% besteiert ginn. Fir de Pierre Gramegna ass dat vill méi ewéi eng kleng Korrektioun, wéi hien en Dënschdeg de Moie betount huet. "Mir hunn elo jorelaang driwwer geschwat. D'Oppositioun huet gedréckt. Leit vu baussen hu gedréckt, dass mir sollen eppes maachen op de Fonds d'Investissement spécialisé immobilier. An elo maache mir dat. Ech gesinn och guer net, firwat dass dat elo minimalistesch kommentéiert gëtt, an der Hisiicht, dass déi elo forfaitairement 20 Prozent bezuelen op de Loyeren, déi se erakréien, 20 Prozent op der Plus-value. Dat ass ganz änlech ewéi dat bei Privatpersounen ass, well si kënne bei de Loyeren, déi se kréien, jo d'Käschten ofzéien a si kréien den Taux d'investissement accéléré, wat an engem Fong net méiglech ass. Dat heescht, mir hunn hei eng gutt Léisung fonnt, déi d'Strukture vun der Fongenindustrie net blesséiert."

De Pierre Gramegna

Déi ominéis Stock Options ginn d'nächst Joer ofgeschaaft. Méi kéint een net maachen ewéi se ofzeschafen, betount de Finanzminister. Nawell misst een als Start-Up-Natioun kompetitiv bleiwen. Deemno gëtt eng Primm fir grouss Talenter aus dem Ausland, sougenannt ''Expats'' adaptéiert. Den David Wagner vun déi Lénk huet Bedenken, ob domat net en neit ''Schlupflach'' geschaaft gëtt. Dat selwecht freet sech de Gilles Roth vun der CSV iwwer déi nei Primm participative, déi fir Salariéen agefouert gëtt, déi um Benefice vun enger Firma bedeelegt sinn.

Donieft gouf et awer nach Punkten, déi d'Oppositiounsdeputéiert net zu honnert Prozent guttheeschen.

Ee Beispill ass d'CO2-Steier: den Diesel an de Bensin wäerten 2021 jo ëm 5 Cent eropgoen. De Minister hat betount et géif net drëms goen, fir Recetten ze schafen. Et wier och keng Steier, mä e System, deen op europäeschem Niveau ofgemaach gouf, eng Mesure also am Sënn vum Klima.

Den CSV-Deputéierte Gilles Roth kritiséiert, dass dës CO2-Steier um Niveau vum Index neutraliséiert gëtt. Wärend eng gewéinlech Hausse vum Präis fir Bensin an Diesel weider am Wuerekuerf bleift, ginn dës 5 Cent do net mat aberechent. Op deem Punkt ass et dann och d'Pick vum Gilles Roth géint d'Sozialisten: ''Mir sinn erstaunt, dass och d'LSAP matdréit, dass déi sougenannten CO2-Steier aus dem Indexkuerf erausgeholl gëtt. Fir eis ass dat eng Präisdeierecht fir all d'Leit. Dat wäert natierlech och en Deel vun der Kafkraaft vun de Leit mat aschränken. Dat fanne mir net gutt.''

D'Recetten iwwer dës Steier sollen opgedeelt ginn, fir engersäits a Mesurë géint de Klimawandel z'investéieren, an op der anerer Säit de Leit mat méi klenge Revenuen eppes erëmzeginn. Gestaffelt gi Leit, mat bis zu 80.000 Euro Salaire am Joer, iwwer e Steierkredit rembourséiert.

Deemno fënnt de Fraktiounschef vun der LSAP Georges Engel net, dass dës Mesure géint déi sozialistesch Parteilinn geet, iwwert déi et dacks geheescht huet, dass den Indexkuerf doran helleg wär: ''Ech mengen, dass dat och an der Linn ass vun enger Politik vun der Selektivitéit, déi mir wëllen hei zu Lëtzebuerg maachen. Mir wëllen net mat der Strenz, esou wéi d'CSV dat ëmmer gemaach huet, jidderengem ginn an iwwerhaapt keng sozial Selektivitéit dran hunn. Deen deen 30.000 Euro de Mount verdéngt, dee muss net och nach en Steierkredit kréien oder nach déi Suen erëmkréien, déi en hei fir eng besser Ëmwelt gëtt. Mir sinn do der Meenung, dass een dat méi sozial selektiv muss maachen.''

D'CSV wär iwwerdeems net géint eng CO2-Steier. D'Oppositiounspartei hätt et besser fonnt, wann een dës Tax an eng global Steierreform mat agebett hätt.

U sech sollten an der Finanzkommissioun den Dënschdeg de Moien och d'Preparative fir d'Orientéierungsdebatt iwwer déi nei Steierreform ugoen. Dozou ass een awer net méi komm. De Kommissiounspresident André Bauler vun der DP huet gesot, bis e Freideg sollten d'Deputéiert sech Froen iwwerleeën, déi se an deem Kontext wéilten opschaffen. An de Fong vun der Matière kéint een awer wuel eréischt am Januar respektiv Februar goen. Fréistens am Juni 2021 kéint een domat rechnen, dass am Plenum iwwer e Projet fir d'Steierreform debattéiert ka ginn. Warscheinlech souguer éischter fir d'Rentrée am Hierscht 2021, esou den André Bauler nach.