En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, op 136 geklommen ass.

Dat weidert Doudesaffer ass ee Mann tëscht 60 a 69 Joer, deen net am Spidol gestuerwen ass.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et 2.640 aktiv Infektioune gëtt an 8.472 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 74 (+11) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 5 (+1) Patienten dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,25. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.