Déi Lëtzebuerger Schëfffaart muss d'Standarde vun de Mënscherechter an der Nohaltegkeet erfëllen: Dat verlaangt d'Commission Justice et Paix.

D'Commission Justice et Paix ass net zefridde mat der aktueller Entwécklung vun deem Secteur.

fVirun ronn 30 Joer gouf de Lëtzebuerger Schëffspavillon gegrënnt, zanterhier si mir eng Seefahrernatioun - ma d'Branche ass zimmlech diskret a réckelt bal nëmme bei Accidenter oder Entféierungen an d'Aktualitéit.

207 Schëffer fueren aktuell ënnert Lëtzebuerger Pavillon, de Gros si Bunker- a Baggerschëffer, 15 Prozent si Croisièresschëffer.

Ronn 14.500 Mënsche schaffen ënnert Lëtzebuerger Pavillon, déi gréisste Contingent maachen d'Philippinner aus mat 20 Prozent, 9 Prozent si Belsch, da kommen Ukrainer, Inder, Kroaten, Hollänner.

Lëtzebuerg gëtt opgefuerdert, d'Hong Kong-Ofkommes vun 2009 z'ënnerschreiwen. Do geet et drëm, fir déi katastrophal Aarbechtskonditioune beim Abwracke vu Schëffer a Länner wéi dem Bangladesch unzeprangeren.