Hien zitt sech aus der Lokalpolitik zeréck, fir engem méi Jonke Plaz ze maachen, schreift d'Tageblatt.

Den Henri Hinterscheid war déi lescht 20 Joer am Gemengerot, 15 dovunner als Schäffen.

Den 9. November geet déi Ära op en Enn. Dëse Freideg ass dem Henri Hinterscheid säi leschte Conseil.

Dono iwwerhëlt net den Nächstgewielten op der LSAP-Lëscht. Dat wier nämlech de Fritz Remackel, deen am selwechten Alter ass wéi den Henri Hinterscheid.

De Stéphane Biwer réckelt no. Hien ass och Vizepresident vun der Escher LSAP-Sektioun.