Si wiisst net hei, ass awer dat ganzt Joer iwwer hei ze kréien, a ganz beléift: D’Banann.

Den Import a Verkaf ass esou grouss, dass si och eng Roll bei eisem nationale Statistik-Institut, dem Statec, spillt. Si dokumentéiere Verschiddenes iwwert d’Banannen. Wéi vill mer pro Joer importéieren, wéi vill d’Lëtzebuerger dovunner consomméieren a fir wéi vill de Kilo d'Banann verkaf gëtt. D’Importzuele fléissen an d’Berechnung vum PIB mat eran an de Kilo Banannen ass en Deel vum Wuerekuerf vum Verbraucherpräisindex. Wat d’Statistike vu Statec weisen, de Präis fir e Kilo Bananne huet sech iwwert déi lescht 20 Joer hei am Land net grouss verännert. E läit ëm déi 2 Euro de Kilo.

Hannert all Banann stécht eng logistesch Erausfuerderung. Ronn 6.410 Tonne Bananne sinn d’lescht Joer op Lëtzebuerg importéiert ginn. All Dag gi verschidde Paletten an den Zentrale vum Uebst- a Geméishandel ugeliwwert. Déi Meeschte kommen aus Südamerika mam Schëff op Antwerpen, ginn dann an der Belsch oder Holland a Räifekummere gelagert, éier se op Lëtzebuerg transportéiert ginn.

Net just d’Ausgesi spillt eng Roll bei der Kafentscheedung, och d’Qualitéit an d’Zertifizéierung. 1999 sinn déi éischt fair gehandelt Banannen zu Lëtzebuerg op de Marché komm. D’Banann ass hei zu Lëtzebuerg dat Fairtrade Produkt, wat am meeschte konsuméiert gëtt. 1 vun 3 Bananne, déi hei zu Lëtzebuerg giess ginn, kënnt aus dem fairen Handel. Op all verkaafter Këscht Bananne vun 18 Kilo kritt d’Kooperativ vun de Plantagenaarbechter am Süden 1 Dollar Primm vu Fairtrade bezuelt. Ausserdeem garantéiert de Fairtrade Label hinnen e stabille faire Mindestpräis, dee méi héich ass wéi deen, deen op der Bourse gehandelt gëtt.

De Kaf vun enger Banann ass e simpele Geste, mat engem gewëssen Impakt hei am Land an op d’Produzenten am Süden.