E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, op 138 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 416 positiv geteste Persounen. Et goufe 7.475 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganzen 11.671 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 960.009 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et 3.060 aktiv Infektioune gëtt an 8.473 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 78 Patienten hospitaliséiert (dorënner och 10 Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 7 Patienten (dorënner och 1 Verdachtsfall, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden) dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,28. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.