Dat neit Denkmalschutzgesetz wier wuel e Schratt an déi richteg Richtung...

Mä et géif den Ament esou massiv ofgerappt, dass ee keng Zäit méi hätt, fir op e neit Gesetz, respektiv en nationalen Inventaire ze waarden. Dëse Message vun den Denkmalschützer goung e Mëttwoch de Moien esouwuel un d'Kulturministesch, wéi och un d'Deputéiert. Eng Petitioun, lancéiert vun der Initiativ "Luxembourg under destructioun", hat op d'Urgence, wat d'Erhale vum Patrimoine ugeet, opmierksam gemaach an hir Initiateure krute genuch Ënnerschrëften zesummen, fir e Mëttwoch de Moien vun der Chamber empfaangen ze ginn. Um Enn war et eng konstruktiv Reunioun, déi och d'Deputéiert absolut wichteg genannt hunn.

"Den Ament geschitt e Paradigmewiessel", sou d'Djuna Bernard. "Mir kënnen dee Problem hei net méi ignoréieren", sot den André Bauler. Wat de Patrimoine ugeet, sinn et "politesch Decisiounen", déi den Toun uginn, fënnt de Gusty Graas. Dëst sinn nëmmen e puer Aussoen aus dem Débat publique, dee gewisen huet, dass d'Deputéiert vis-à-vis vum Thema patrimoine net onsensibel sinn, a sech Gedanke maachen, wéi een op nationalem, mä och kommunalem Niveau mat eiser historescher Bausubstanz soll a muss ëmgoen.

Den Initiateure vun der Petitioun 1638 geet et ëm e séiert Handele vu Regierungssäit. Mesuren, déi "de Patrimoine aus sengem Statut vum 'enfant pauvre' eraushuelen", waren d'Wierder vum Carine Waringo. D'Vitess, mat där an der Lescht ofgerappt géif ginn, fuerdert hirer Meenung no eng kuerzfristeg Reaktioun, well, "wat zu Lëtzebuerg geschitt, ass schockant", ënnersträicht de Peter Kleijnenburg vu "Luxembourg under destruction". Seng Propos an dëser Urgence ass déi, dass ee sech net op en Datum fir en automatesche Schutz misst festleeën (alles vu virun 1955 protegéieren, war d'Propos), mee et kéint een d'Ofrappe vun historesch wäertvoller Bausubstanz d'office verbidden!

Géint esou eng Protektioun, déi sech op en Datum referéiert, hätt de Staatsrot schonn eng Kéier säi Veto ageluecht, sou d'Ministesch, déi an dësem Fall Rechtssécherheet vermësst. Zënter Enn September géif déi zoustänneg Kommissioun intensiv um Text vum projet de loi schaffen, an heiranner kéinten awer nach Elementer a Proposen aus der Reunioun vun e Mëttwoch mat agebonne ginn, dat de Message un d'Denkmalschützer.

No enger ongewéinlech laanger Diskussiounsronn war d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy arendt impressionéiert vun der gudder Preparatioun vun de Petitionären; politesch Divergenzen aus deene verschiddene Fraktioune géifen et keng ginn.

Wat den Afloss vun de Gemengen ugeet, misst no engem Kompromëss mat hinne gesicht ginn. Argumenter fir an esou eng Richtung ze goen, hätt d'Chamber e Mëttwoch genuch kritt.

D'Conclusioune vun der Chamber sinn déi heiten:

1. de Gesetzestext soll am Sënn vun de Petitionären ergänzt ginn
2. Mir brauchen eng Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne fir Bierger, Schoulen a Gemengen

3. Déi zoustänneg Chamberkommissioun wäert iwwer d'Grënnung vun engem Observatoire fir de Patrimoine diskutéieren.

D'Petitionäre ware positiv iwwerrascht vun dëser Entrevue, déi fir si konstruktiv war a wärend där een d'Impressioun gehat hätt, dass d'Deputéiert hiert Uleies ënnerstëtzte géifen.

Allerdéngs feelt hinnen als Denkmalschützer d'Äntwert op hir wichtegst Fro: Wéi stoppt een dat massiivt Ofrappen? Hirer Meenung no geet dat awer just nëmmen, andeems een dat generell verbitt. Eng Diskussioun iwwert den effektive Wäert - mam Proprietär natierlech - kéint dann ëmmer nach gefouert ginn, sou de Peter Kleijnenburg.