En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, op 140 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 595 positiv geteste Persounen. Et goufe 12.177 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganzen 12.333 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 972.457 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et 3.563 aktiv Infektioune gëtt an 8.474 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 77 Patienten hospitaliséiert (dorënner 8 Verdachtsfäll, déi op der normaler Statioun behandelt ginn), 8 Patienten dovunner sinn op der Intensivstatioun. Bei de Verdachtsfäll handelt et sech ëm Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Corona-Test waarden.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,28. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.