D'Bank BGL BNP Paribas huet en Donneschdeg matgedeelt, datt 7 Agencen hir Diere fir ëmmer wäerten zoumaachen.

Nodeems schonn d'Spuerkeess am Mäerz eng Partie Agencen zougemaach huet, ass et elo un der BGL BNP Paribas.

An engem Schreiwes huet een en Donneschdeg matgedeelt, datt siwen Agencen zoumaachen: Beetebuerg, Clierf, Esch-Benelux, Jardins de Luxembourg, Fiels, Veianen a Waasserbëlleg. "Dës Agencen, déi wéinst dem Lockdown zougemaach gi waren, hätten zanterhier net méi opgemaach", sou d'Bank an engem Communiqué.

D'Personal aus dësen Agencen wäert hir Clienten an Zukunft - wéi et och schonn zanter Mäerz de Fall ass - iwwer aner Agencë betreien.

D'Bank géing sech domadder de verännerte Gewunnechte vun hire Clienten upassen.