E Samschdeg huet d'Santé en neie Rekord vun Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg publizéiert. Och ass d'Zuel vun den Doudesfäll ëm 3 op 144 geklommen.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 862 positiv geteste Patienten, den Taux de positivité läit bei 7,21 Prozent. Zuel vun den Hospitalisatioune gouf um Weekend net publizéiert.

Zanter dem Samschdeg, 27. Juni gi weekends just d'Zuele vun duerchgefouerten Tester, den Neiinfektiounen an den Doudesaffer matgedeelt. Méi Detailer iwwert d'Tester, déi samschdes a sonndes gemaach ginn, esou wéi och d'Zuel vun de Leit an de Spideeler ginn zanterhier ëmmer méindes publizéiert.