Den CSV-President Frank Engel mécht staark Reprochen un d'Regierung.

Op Facebook schreift hien e sonndeg, datt d’Regierung zënter enger Woch nogekuckt hätt, wéi de Virus ausser Kontroll gerode wier. Et géinge wäertvoll Deeg verschleeft ginn, well nees keen Text fäerdeg wier. D'Mesurë wieren néideg, ma datt se sou spéit kéimen, wier irresponsabel, sou den CSV-Chef.

Et ass d'Reaktioun op d'Moossnamen, déi d'Regierung jo e Freideg annoncéiert huet. E Méindeg gëtt de Projet op den Instanzewee geschéckt.  Ënner anerem kënnt eng Ausgangsspär Nuets an d'Zuel vun de Leit, déi doheem kënnen empfaange ginn, gëtt vun 10 op 4 limitéiert.

D'Zuele sinn déi lescht Deeg staark geklommen. E Samschdeg hat d'Santé 862 nei Fäll gemellt.