Brand zu Bauschelt - Interview mam Pelotonchef René Braun
50 Pompjeeë goufen an den Asaz geruff, fir d'Feier ze läschen, dat éischten Informatiounen no an der Garage ugaangen ass.
E Méindeg de Moie koum et an der Rue Jérôme de Busleyden zu engem Brand. 50 Pompjeeë aus 6 Zentere waren op der Plaz.
An den Asaz geruff goufen d'Pompjeeë vum Stauséi, Bauschelt, Aale Bësch, Wolz, Wëntger a Klierf, dat mat am ganze 50 Mann. Et gouf éischten Informatiounen no kee blesséiert, et waren awer zur Sécherheet zwou Ambulanze vu Wolz op der Plaz.
D'Rettungsdéngschter sinn den Ament nach op der Plaz. Eng Deviatioun ass gezeechent.
© CGDIS
© Domingos Oliveira
Am meeschte gelies