Donieft gouf och annoncéiert, datt ee sech wuel vun der Hallschent vum Personal, souwuel an der Kiche wéi och am Service, muss trennen.

Déi aner Hallschent vum Personal gëtt elo emol am Hotel Royal op anere Plazen agesat. D'Direktioun vum Etablissement huet awer präziséiert, datt et just eng "Fermeture jusqu'à nouvel ordre" ass. Ma de Couvre-Feu, dee vun der Regierung decidéiert gouf, ass nees e Réckschlag fir de Restaurant.

Vun der Horesca ass et den Opruff, datt d'Leit sollen d'Caféen an d'Restauranten ënnerstëtzen an do solle consomméieren, dat an de Limitte vun den aktuelle Mesuren. De Secteur muss sech adaptéieren an esou och d'Clienten, esou de François Koepp op Wort.lu.