En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, bei 147 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 485 positiv geteste Persounen. Et goufen 8.863 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 14.884 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 1.017.308 Tester gemaach.

Aktuell sinn 135 Patienten hospitaliséiert (dorënner 21 Verdachtsfäll, déi op der normaler Statioun behandelt ginn), 16 Patiente vun den 135 sinn op der Intensivstatioun. Bei de Verdachtsfäll handelt et sech ëm Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Corona-Test waarden.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,360. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.