Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten en Donneschdeg den Owend géint 20.30 Auer op der Place de France um Belair.

Hei ass e Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn, de Samu aus der Stad war op der Plaz. En Donneschdeg am fréien Owend war et en Accident tëscht zwee Autoen zu Bäreldeng. Duerno sinn tëscht Nidderaanwen a Mënsbech zwee Gefierer anenee geknuppt. E Freideg de Moie géint 8.30 Auer sinn zwee Gefierer op der B7 tëscht Schieren an dem Fridhaff kollidéiert, och hei gouf eng Persoun verwonnt.