D'Fra, déi sech um Dikrecher Geriicht wéinst Mord am November 2015 un hirem klenge Jong vun du 6 Méint ze veräntweren hat, soll fräigesprach ginn.

Dat huet de Vertrieder vum Parquet de Freideg de Moie gefuerdert. D'Mamm wär zum Zäitpunkt vun der Dot net scholdfäeg gewiescht, d'Affekotin vun der Fra hat dat selwecht plädéiert. D'Urteel ass fir den 10. Dezember.

Geriicht/Reportage Eric Ewald