Wéinst Zweiwel bei der Interpretatioun vun dëser Mesure, huet RTL beim Rapporter vum Gesetz nogefrot.

Vun e Freideg un a bis Enn vum Joer däerf ee just nach 4 Persoune bei sech doheem invitéieren. Am amendéierte Covid-Gesetz steet awer: Beim Ziele vun de 4 Leit gëtt de Membere vum Stot oder deenen, déi ënnert dem selwechten Daach liewen, net Rechnung gedroen.

Well et Zweiwel gëtt bei der Interpretatioun, ob een dann zum Beispill 4 Stéit oder e Stot vu 5 Leit kéint empfänken, hu mer beim Rapporter vum Gesetz nogefrot. Den Deputéierte Mars Di Bartolomeo huet ons erkläert, datt dee Saz sech eleng op de Stot bezitt, deen empfänkt.

An anere Wierder: De Stot, deen aluet, kann zu méi ewéi 4 sinn. Allerdéngs kann een net e ganze Stot vun iwwer 4 Leit bei sech Heem invitéieren.

Wier et anescht, géing ee riskéieren, datt et zu Rassemblementer vun 20 oder méi Leit kënnt. De Gesondheetsministère confirméiert op Nofro hin dës Interpretatioun. E Stot, deen invitéiert, ka maximal 4 aner individuell Persounen empfänken.

Hei e puer Beispiller (ëmmer x+4)

Beispill 1:

Stot A besteet aus 4 Leit. Si invitéieren e Stot B aus 3 Leit. Dat ass erlaabt. Et ka souguer nach eng eenzel Persoun dobäi kommen, déi a kengem vu béide Stéit wunnt.

Beispill 2:

Stot A besteet aus 4 Leit. Si wëllen e Stot B invitéieren, deen aus 6 Leit besteet. Dann missten 2 Leit doheem bleiwen aus dem Stot B.

Beispill 3:

Invitéiert de Stot B, deen aus 6 Leit besteet, de Stot A, deen aus 4 Leit zesummegesat ass, do ass et erlaabt.

Beispill 4:

Ee Stot (eng Famill oder een Eenzelen) dierf bis zu 4 eenzel Persounen invitéieren, vun deene keng am selwechte Stot wunnt. 5 Invitéen aus verschiddene Stéit sinn net erlaabt.

Hei dat entspriechend Gesetz:

Art. 5.

L'article 4 de la même loi est remplacé comme suit :

Art. 4.

(1)
Les rassemblements à domicile ou à l'occasion d'événements à caractère privé, dans un lieu fermé ou en plein air, qui accueillent au-delà de quatre personnes sont interdits. Ne sont pas prises en considération pour le comptage de ces quatre personnes, les personnes qui font partie du ménage ou qui cohabitent au domicile. La limite de quatre personnes ne s'applique pas aux événements organisés dans les établissements et lieux visés à l'article 2 où s'appliquent les conditions prévues à cet article.

Les personnes qui font partie du même ménage ou qui cohabitent ainsi que les personnes invitées ne sont pas soumises à l'obligation de distanciation physique et le port du masque n'est pas obligatoire.