D'Demandë fir de Mount November sollten u sech den 12. Oktober oflafen. Aus dem Aarbechtsministère krut RTL confirméiert, dass et elo en neien Datum gëtt.

Et ass eng wichteg Informatioun fir all d'Betriber, déi wéinst der aktueller prekärer ekonomescher Situatioun musse Kuerzaarbecht ufroen. Fir d'Demandë fir de Mount November, wou u sech den Delai ewell den 12. Oktober ofgelaf war, gëllt elo en neien Delai bis Enn vun der Allerhellegevakanz.

Concernéiert Firme kënnen hir Demandë fir de Chômage partiel nach bis den 5. November erareechen. Dëst krut RTL aus dem Aarbechtsministère confirméiert. Den entspriechende Formulaire gëtt op Guichet.lu publizéiert. Fir iwwert d'Demanden ze tranchéieren, kënnt Mëtt November iwwerdeems och exzeptionell de Konjunkturcomité beieneen.

Eleng fir de Mount Oktober hate ronn 2.800 Firmen d'Kuerzaarbecht ugefrot - concernéiert waren eng 23.100 Salariéen, déi natierlech och manner verdéngt hunn.

Um Héichpunkt vun der Kris hate souguer am Abrëll 11.500 Firmen op Kuerzaarbecht missten zeréckgräifen, betraff waren am Fréijoer du bal 136.000 Leit.

D'Kuerzaarbecht huet awer och en Impakt op d'Paien, déi erofginn, well d'Aarbechtszäit jo erofgeet, an d'global Lounzomm duerch Sozialleeschtungen ersat gëtt: Dës Baisse bei de Paie gëtt op e Minus vu 6% geschat.