E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 2 Persounen op 152 geklommen ass.

Dat sinn elo am Ganze 17.134 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 1.051.725 Tester gemaach.

Aktuell sinn 150 Patienten hospitaliséiert, dovunner 24 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,20. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.