Dëse Projet, deen e Mëttwoch an der Chamber soll gestëmmt ginn, wär en absolutten No-Go, heescht et am Schreiwes.

An engem oppene Bréif un Deputéiert kritiséiert d'Féduse, de Syndikat vun de Lycées-Enseignanten, d'ADIL, dee vun de Lycées-Direkteren an d'CGFP de Gesetzprojet 7662 nawell ferm.

Mat dësem Text géif nämlech d’Méiglechkeet geschaaft ginn, Direktiounsposten an de Schoulen an Zukunft net méi, ewéi bis ewell, exklusiv mat erfuerene Kandidaten aus där héchster Fonctionnaireskarriär beim Staat ze besetzen, mä och mat Leit aus dem Privatsecteur.

De Syndikalisten ass et och en Dar am Aen, dass een an Zukunft kann Direkter, respektiv Adjoint kéint ginn, och ouni e Minimum u Beruffserfarung an der Educatioun ze hunn. An och ouni d'Sprooche vum ëffentlechen Déngscht adequat ze beherrschen. Dat schreiwen d'Feduse, d'ADIL an d'Staatsbeamtegewerkschaft an deem gemeinsame Bréif.

Nodeems déi ëffentlech Schoul an de Statut vum Fonctionnaire iwwert déi lescht Joren, duerch eng systematesch a progressiv Salami-Taktik ëmmer méi staark ënnergruewe goufen, sollen duerch dëse Gesetzesprojet d’Weichen nach méi wäit a Richtung Degradéierung vun der ëffentlecher Schoul an domadder och a Richtung Privatiséierung gestallt ginn, sou d'Kritik am Bréif, an deem d'Chamber och gefrot gëtt, de Gesetzprojet vum Ordre du jour ze huelen.
Nee zum Gesetzprojet, heescht et dann och an engem gemeinsame Communiqué vum SEW, der Apess, der ACEN, der UNEL an der ALPIA. Fir e Mëttwoch ass virun Ufank vun der Chamberplénière, dann och eng Protest-Maniff op der Plëss geplangt.

Och déi jonk gréng si géint de Gesetzprojet. "Fir d'Bäibehale vun de pedagogesche Kompetenzen an onsem Schoulsystem an der Dialog-Kultur an der Schoulpolitik", esou ass hire Communiqué vun e Méindeg de Mueren iwwerschriwwen.

Schonn déi lescht Woch hat d'CSJ Kritik geäussert an engem Communiqué mat der Iwwerschrëft "Quo vadis Claude Meisch?". Si schléisse sech der Kritik vun SEW an CHFEP, dass d'Schoulen net op Käschte vun de Schülerinnen a Schüler däerfe privatiséiert ginn.

Kritik gëtt et vum Comité de la Conférence vum LTPES an engem Communiqué, well d'Gesetz hanner zouenen Dieren decidéiert an ausgeschafft gouf, ouni mat de Leit um Terrain doriwwer ze schwätzen. Och stelle si sech d'Fro, ob et wierklech esou schwéier ass, passend Leit fir en Direkteschposten ze fannen.

Och den ADR gesäit sech vum Projet entsat, esou heescht et an engem Communiqué. D'Partei stellt dräi Fuerderungen, fir esou e Posten ze kréien: D'Persoun muss déi dräi Verwaltungssproochen um héijen Niveau ze beherrschen, si muss eng pedagogesch an didaktesch Ausbildung hunn a muss beim Léierpersonal rekrutéiert ginn.

Fir vill vun de Gewerkschaften, déi am Secteur aktiv sinn, huet de Claude Meisch d'Corona-Pandemie ausgenotzt, fir op eng ondemokratesch Aart a Weis seng ideologesch an ultraliberal Agenda duerchzedrécken, heescht an an hirem Communiqué.