Souwuel vun de Gewerkschaften an de Lycéeën, wéi och vun der CSV gouf et ferm Kritik um Projet, deen de Ministère elo och virleefeg zeréckgezunn huet.

De Ministère deelt am spéiden Nomëtteg mat, datt ee sech e rouegen Debat wënscht an et huet een dowéinst decidéiert, d'Chamber ze froen, de Projet e Mëttwoch vum Ordre du Jour ze huelen.

Vill Kritik um Méindeg um Gesetzprojet

De Widderstand géint de geplangte Gesetzprojet 7662 gouf um Méindeg ëmmer méi grouss. Mat deem Text soll jo d’Méiglechkeet geschafft ginn, Direktiounsposten an de Lycéeën an Zukunft net méi, wéi bis ewell, exklusiv mat Kandidaten aus där héchster Fonctionnaireskarriär beim Staat ze besetzen, mä och mat Leit aus dem Privatsecteur. Dëse Projet vum Educatiounsministère wier en "No Go", heescht et an engem oppene Bréif un d'Deputéiert, ënnerschriwwe vun der Proffegewerkschaft Féduse, der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an der ADIL.

ADIL: Erféiert, wéi mer Projet de Loi gelies hunn

D'ADIL ass d'Associatioun, déi sämtlech Membere vun den Direktioune vun de Lëtzebuerger Lycéeë regroupéiert. Hire President, de Roger Roth ass virun allem iwwerrascht. Et hätt een sech nämlech scho méi dacks mam Educatiounsministère gesi fir iwwer d'Gestioun vun de Schoulgebaier ze diskutéieren.

Extrait Roger Roth (1)

„Et ass allerdéngs ni vun der Saach hei rieds gaangen. Mir kruten ni gezielt, dass Leit am Ministère effektiv mam Gedanke spillen, fir net méi Enseignanten, net méi Leit anzestellen, déi sämtleche Bedéngungen entspriechen, fir kënne Lycée-Direkter ze ginn. Sou dass mer deementspriechend zimmlech erféiert sinn, wéi mer de Projet de Loi hei gelies hunn.“

Hautdesdaags géing d'Direktioun vun de Schoule vun enger ganzer Ekipp assuréiert ginn, net just vun enger Persoun. Et wär wichteg den Terrain ze gutt ze kennen an genee dofir ass d'ADIL och net zefridden mat dësem Text.

Extrait Roger Roth (2)

„Mir gesinn dat effektiv als ganz problematesch, well schliisslech si mir jo um Terrain, mir wëssen, wéi eng Ufuerderungen hautdesdaags déi grouss Lycéeën, déi mir nu eemol hei am Land hunn, un eng Direktioun stellen. Et ass extrem wichteg, dass een do Leit huet, déi wëssen, wéi eng Schoul fonctionéiert, déi Pedagogen sinn, déi och wëssen, wéi eis Schüler denken a schaffen an och, wéi d'Enseignanten an hire Fächer, an hire Couren, sech mussen uleeën, fir dat gutt duerchzezéien. An mir kënnen eis nach vill manner virstellen, dass eng Persoun d'Leedung soll iwwerhuelen, déi net nëmmen net Pedagog ass, déi net Enseignant ass, mä en plus och nach net déi dräi Landessprooche beherrscht. Mam beschte Wëllen, ech denken net, dass et dann nach méiglech ass, sou eng komplex Struktur wéi eis modern Lycéeën ze geréieren.“

Et géing natierlech stëmmen, dass et mëttlerweil méi Lycéeë ginn, dass och d'Gestioun méi komplex gi wär, ma dofir fuerdert d'Associatioun vun den Direktere schonn zanter méi laangem fir méi Moyenen ze kréie. Dat virun allem a Form vu méi Personal. Engersäits an der Pedagogik an anerersäits an de Sekretariater, fir den erhéichten Ufuerderungen an der Administratioun gerecht ze ginn, sou nach den President vun der Adil an den Direkter vum Lycée Nic Biever zu Diddeleng Roger Roth.

CGFP: Dier op fir Vetternwirtschaft

"Meisch ruddert zréck" esou ass en Communiqué vun der CGFP iwwerschriwwen, an deem sech d'Staatsbeamten-Gewerkschaft zefridde weist, datt den Gesetzesentworf 7662 vun der parlamentarescher Dagesuerdnung geholl gouf.

Allerdéngs geet dat der CGFP net wäit genuch. Si sinn fest dovun iwwerzeegt, datt dëst Virgoen d'Dier fir Vetternwirtschaft an de Schoulen géif opmaachen an zu enger Deel-Privatiséierung vum ëffentlechen Déngscht géif féieren.

Mam geplangte Gesetzprojet soll d'Méiglechkeet geschafft ginn, Direktiounsposten a Lycéeën an Zukunft och mat Leit aus dem Privatsecteur ze besetzen. Den Educatiounsministère hat gëscht per Communiqué matgedeelt datt ee sech e rouegen Debat wënscht an dofir d'Chamber gefrot de Projet vum Ordre du Jour vun haut ze huelen.

CSV: Projet schaaft Plaz fir Clientelismus a Vetternwirtschaft

Och d'CSV ass schockéiert iwwert de Gesetzprojet, duerch deen d'Krittären, fir Lycéesdirekter ze ginn, opgemaach soll ginn. Domat géing eng Diskriminatioun vu Staatsbeamte geschaaft ginn, esou d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen op engem Point Presse e Méindeg de Moien. D'Behaaptung, et wier schwiereg, an deene betraffene Lycéeë gëeegent Kandidaten ze fannen, ass an den Aen vun der CSV falsch. Mat dësem Gesetz géing d'Dier opgemaach gi fir Clientelismus a Vetternwirtschaft. An et wier ze fäerten, dass et net bei deene 4 Lycéeë bleift, esou d'Martine Hansen.

Extrait Martine Hansen (1)

"Ech wëll zwar elo net den Däiwel un d'Wand molen, mä am Exposé des motifs steet "d'autres lycées pourraient s'y ajouter" an do denken ech mol un den ECG, dat ass sécher eng spezialiséiert Schoul. Ech denken awer e bësse méi wäit: den Athené. Den Athené ass spezialiséiert am Baccalaureat international. Den Dikrecher Lycée ass spezialiséiert am Media writing. De Mamer Lycée ass spezialiséiert am Bauwiesen. Mam Minister Meisch senger Politik ass jo all Lycée iergendwéi spezialiséiert. An dat hei riskéiert wierklech just deen éischte Schratt ze sinn."

Déi fréier Direktesch vun der Ackerbauschoul war iwwerdeems entsat, datt d'Direktioune vun deene betraffene Lycéeën net vum Ministère consultéiert goufen. Hei géif probéiert ginn a COVID-Zäiten eppes duerchzebaatschen an dat wier typesch Claude Meisch.

Extrait Martine Hansen (2)

"Mam Mady Delvaux wier dat do net geschitt. D'Mady Delvaux huet ëmmer mat den Direktiounen, an dat weess ech aus Erfarung, diskutéiert. Dofir huet d'Mady Delvaux och net ëmmer alles duerchgesat kritt, wat et wollt. Mä et huet awer op d'Leit gelauschtert. An net sou wéi hei de Minister Meisch et mécht, dee weess ganz einfach, datt en 31 Leit hei an der Chamber sëtzen huet, déi mam Kapp wénken an déi et warscheinlech wäerte stëmmen."

D'CSV wäert en Dënschdeg froen, fir d'Gesetz vum Ordre du jour ze huelen an hofft, dofir eng Majoritéit an der Chamber ze fannen.

Claude Meisch: Just véier Lycéeë betraff, et soll net ausgebaut ginn

De Kriticken trëtt den Educatiounsministère mat engem Schreiwes entgéint, wou präziséiert gëtt, datt eenzeg an eleng véier spezialiséiert Lycéeë vum Text vum kontestéierten Gesetzesprojet viséiert wieren.

Dëst sinn eenzeg an eleng den LTPS fir Santés-Beruffer, den LTPES fir d'Ausbildung als Educateur a Sozialpedagog, d'Ackerbauschoul an och d'Dikrecher Hotelschoul.

De Minister Meisch seet nach emol, datt net dru geduecht gëtt, fir den Text vum Gesetzesprojet op aner, net-spezialiséiert, Lycéeën z'applizéieren. De Claude Meisch seet weider, datt et falsch wier ze behaapten, datt d'Direktere vun dëse Lycéeë net missten och Lëtzebuergesch kënnen schwätzen a schreiwen. Verlaangt wieren déi 3 administrativ Sproochen, an dat ouni Dispens-Méiglechkeet.

Eng weider Prezisioun ass déi, datt Kandidate fir den Direkteschposte vun de 4 spezialiséierte Lycéeë musse minimal eng 5 Joer laang berufflech Experienz kënne virweisen an deem Domaine, wouriwwer am Lycée enseignéiert gëtt.

Wéi de Minister Meisch weider op entspriechend Kriticken äntwert, missten d'Kandidate fir eventuell fräi Direkteschposte souwuel den administrativen wéi och pedagogeschen Bagage matbréngen, fir dës leedend Positioun z'iwwerhuelen.

De Gesetzes-Projet, géint deen en Dënschdeg och nach eng Kéier d'CGFP militéiert, dierft e Mëttwoch an der Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl ginn. Ausser dee Punkt géif vum Ordre du Jour geholl ginn.