E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt 6 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 260 Doudeger.

Aktuell sinn 222 Patienten hospitaliséiert, dovunner 43 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.488 aktiv Infektiounen, 20.014 Persoune gëllen als geheelt.

Bis ewell gouf iwwer eng hallef Millioun Leit hei am Land getest.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.