An zwee verschidde Geschäfter an der Stad op der Royal-Hamilius-Plaz gëtt dëst Joer de Bazar vum Roude Kräiz organiséiert.

De Bazar vum Roude Kräiz gëtt ëmmer am November organiséiert, ma wéi sou villes dëst Joer muss och dësen traditionelle Rendez-vous op eng aner Manéier iwwer d'Bün goen. Dobäi sinn déi Responsabel frou, iwwerhaapt kënnen de Bazar a Corona-Zäiten ze organiséieren. An zwee verschidde Geschäfter an der Stad op der Royal-Hamilius-Plaz gëtt dëst Joer de Bazar vum Roude Kräiz organiséiert. Souwuel dëse Weekend ewéi och nach d'nächst Woch vu freides bis sonndes. Déi Responsabel si frou, dass dësen traditionelle Rendez-vous net huet misse ganz ofgesot ginn.

180.000 Euro koumen d'lescht Joer duerch de Bazar eran. D'Stater Sektioun vun der Croix-Rouge wëll dës Suen ëmmer fir gutt Zwecker notzen. An dëst Joer ass dëst net aneschters. Déi jonk Erwuessen an d'Kanner solle vun dësem Benefice profitéieren.

Wéinst der aktueller Pandemie gëtt zwar alles méi kleng gehalen an awer fannen d'Leit, déi um Royal Hamilius passéieren, alles wat ee brauch.

Eng Online-Stee mat Konschtwierker vu Lëtzebuerger Artiste gëtt dëse Sonndeg och organiséiert.

Vu moies 10 bis owes 6 sinn dëse Weekend d'Diere vum Bazar vum Roude Kräiz op.