E Samschdeg haten eng Partie Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt, kruten e Fuerverbuet oder hunn hire Permis missen ofginn.

E Gefier ass um CR109  um CR109 mat engem Bam kollidéiert an op engem Feld gelant. 1 Persoun gouf blesséiert. Si huet misse vun de Pompjeeën aus dem Auto erausgezu ginn. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, de Permis war op der Plaz fort. Op der Plaz war de Samu an d'Pompjeeën aus der Stad a vu Stengefort.

Kuerz virun 18 Auer gouf der Police e Gefier op der Collectrice gemellt. Bei enger Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen, en Alkoholtest awer refuséiert huet. Doropshi krut hien e Fuerverbuet.

3 Stonne méi spéit koum et op der Tréierer Autobunn bei der Sortie Fluessweiler zu engem Accident. En Automobilist ass géint d'Leitplanke geroden. Och hei konnt d'Police Alkoholafloss feststellen, de Permis gouf agezunn.

Kuerz no 23.30 Auer ass e Gefier an der Escher Strooss zu Schëffleng ëmmer nees op d'Géigespuer geroden. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer ze vill gedronk, de Fürerschäin huet hie missen ofginn. Well donieft och nach géint de Couvre-feu verstouss gouf, krut de Fuerer en Avertissement taxé. En änleche Fall gouf et zu Esch. Och hei war eng Persoun no Mëtternuecht ënner Alkoholafloss mam Auto ënnerwee.