E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt 5 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 288 Doudeger.

E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt vun 12.881 Tester der 616 positiv waren.

Aktuell sinn 225 (-12) Patienten hospitaliséiert, dovunner 43 (-3) op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.182 aktiv Infektiounen, 22.630 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.