Dee Geheimdéngschtmann, dee sech ze veräntweren hat, gouf um Donneschdeg um Dikrecher Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer mat Sursis verurteelt.

Dobäi kënnt nach eng Geldstrof vu 25.000 € an de Staat krut Schuedenersatz an Héicht vu ronn 29.500 € zougesprach.

D'Haaptfaiten, déi dem Ex-Agent reprochéiert goufen, sinn op den Zäitraum vun 2007 bis 2009 zréckgaangen. An der Haaptsaach gouf dem Mann virgehäit, ronn 140.000 € ënnerschloen ze hunn aus dem Verkaf vu 4 Luxusautoen, déi dem Srel gehéiert haten.