Dem Office National de l’Enfance no, liewe ronn 1.400 Kanner a Foyeren hei am Land.

D’Zil vum Projet Smile ass et 400 vun hinnen aus 30 verschiddene Strukture Cadeauen op Niklosdag ze schenken. Bis ewell goufe bal 5.000 Euro gesammelt. Organiséiert gëtt de Projet vun der Associatioun Narin. E Samschdeg goufen d’Spillsaachen am Forum Geesseknäppchen agepaakt. RTL ware bei den Aarbechten dobäi.

D’Memberen aus der Associatioun haten eng 400 Spillsaache fir Kanner, déi a Foyere liewen, agepaakt. Domadder wëll een hinnen op Niklosdag eng Freed maachen. D’Cadeaue ginn eben de 6. Dezember verdeelt. D’Kanner kréie Cadeauen, déi se op enger Lëscht ausgewielt hunn.

Am Verglach zum leschte Joer, sinn dëst Joer duebel esouvill Spillsaachen zesummekomm. Bis ewell konnte bal 5.000 Euro gesammelt ginn. Wéinst der aktueller Corona-Situatioun konnten dëst Joer keng Benevoller beim Apake vun de Spillsaachen hëllefen an de Kleeschen net a Foyere kommen.

D’Associatioun gouf 2015 vu Lëtzebuerger Studente gegrënnt. Se huet den Numm Narin, benannt no engem syresche Meedchen dat ze Fouss aus Syrien op Lëtzebuerg geflücht ass. Wéi viru 5 Joer méi Flüchtlingen Europa areecht haten, gouf decidéiert mat enger Kleeder-a Spillsaachen-Sammelaktioun unzefänken.

An Zukunft wäert d’Associatioun weiderhin Aktiounen organiséieren. An der Associatioun sinn eng 10 Jonker aktiv.

Weider Informatiounen iwwert d'Associatioun Narin a wéi Dir kënnt spenden, fannt Dir um Internetsite.