
© RTL Archivbild
Wéi d'Police mellt, koum et e Samschdeg den Owend kuerz virun 23 Auer zu enger Kläpperei virum Haaptagank vun der Stater Gare.
Fënnef Persoune hate sech do an d'Hoer kritt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a koum mat der Ambulanz an d'Spidol.
Dräi Leit si geflücht. Eng Sichaktioun war ouni Succès.
D'Police ermëttelt.
Géint d'Corona-Reegele verstouss
E Samschdeg de Mëtteg géint 13.50 Auer huet d'Police e Protokoll ausgeschriwwen, well sech zu Ettelbréck e puer Familljemembere versammelt haten.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf et géint 4.30 Auer e Protokoll fir een Awunner vun Nidderkuer. Do waren e puer Kolleegen op Besuch.
An um 4.50 Auer gouf d'Police wéinst Kaméidi op Hollerech geruff. Och hei hat een e puer Leit ze vill bei sech doheem.