Bis ewell sinn d’Influenzaviren net wierklech zu Lëtzebuerg ukomm, notéiert de Staatslabo. Am September hätt een een eenzege Grippe-Fall registréiert.
Zanterhier kee méi. En änlecht Bild léisst sech der Weltgesondheetsorganisatioun no an Europa zeechnen. Och wann de Pick vun Infektioune réischt am Januar Februar ze erwaarden ass, weist sech elo schonn, datt d’Gripp am Verglach zur selwechter Zäit 2019 quasi net zirkuléiert. Dat hätt domadder ze dinn, datt de Fluchverkéier extrem zréckgeschrauft gouf, wéineg Persounen sech deplacéieren. Awer och d’Masken an d’Gestes Barrière géifen hiert dozou bäidroen, erkläert den Dr Trung Nguyen, de Responsabel vun der Virologie-Sérologie am Staatslabo.
Sech géint d’Gripp impfe loossen, sollt een nawell. Well et wier net auszeschléissen, datt d’Influenza-Viren sech awer nach méi ausbreeden.
Zousätzlech zum Coronavirus géif dat eng weider Belaaschtung fir di souwisou schonn iwwerlaaschte Spideeler duerstellen. Ausserdeem wären d’Riske fir Patiente wären méi héich, wa se déi 2 Infektioune beienee kréichen.
Kee Konsens
Der Dokter Idoya Perez no, déi den Ament sozial schwaach gestallte Persoune bei der Stëmm vun der Strooss géint d’Gripp impft, kéint den Influenza Vaccin och bei Covid Patienten eng gewëss Wierkung hunn.
Nous savons en suivant les informations que nous avons eu de Etats-Unis que les personnes qui ont été vaccinées contre la grippe semblent réagir mieux une fois qu’ils sont contaminés par le coronavirus que le reste de la population. Nous ne savons pas pourquoi, il faut des recherches scientifiques.
Den Dr Nguyen dogéint gesäit keen Zesummenhang tëscht Grippe-Vaccin a méi mëlle Covid-19 Verleef.
Pour moi c’est 2 virus totalement différents. Il ne va pas avoir de réactions croisées avec un vaccin contre la grippe qui va nous protéger contre la grippe. Je n’ai pas du tout d’informations scientifiques concernant ce point-de-vue là.