D'Investitiounspolitik vum Pensiounsfong a vum Zukunftsfong ass net am Aklang mat der Klimapolitik vun der Regierung.

Där Meenung sinn d'Jugendparteie vun den 3 Regierungsparteien, déi méi Efforte fuerderen. Mat sengen Investissementer géing de Pensiounsfong den Ament dozou bäidroen, datt d'Klima ëm 2-3 Grad méi waarm gëtt an d'Äerderwiermung net op maximal 1,5 Grad limitéiert gëtt, wéi d'Regierung sech eigentlech virgeholl huet. D'Investitiounen an d'Kuel wieren 2019 souguer geklommen. Engersäits géing d'Regierung eng Klimapolitik bedreiwen, an där d'Bierger responsabiliséiert ginn, seet de Jeffrey Drui vun de jonke Liberalen.

Den Jeffrey Drui

"Andeems mer soen, mir maachen elo de Bensin méi deier, mir fuerderen alternativ Energien, alternativ Transportmëttel, mir maachen CO2-Zertifikater, mir maachen eng Rifkin-Etüd, mir ënnerschreiwen de PNEC a sou weider a sou virun. An op där anerer Säit huele mer d'Suen, d'Steieren an investéieren aktiv an déi Entreprisen, déi déi Zerwisser an déi Produiten a Bien hierstellen oder liwweren, déi mer am Fong ofgerode kréien ze benotzen."

E weidert Beispill vu Manktem u Koherenz an den Aen vun de Jugendparteien: am Budget 2021 ass virgesinn, Fongen ze belounen, déi sech u gewëssen nohalteg Krittäre vun der EU, déi sougenannten Taxonomie-Klassifikatioun, halen. Da misst d'Regierung awer och selwer an deem Beräich investéieren, fënnt de Fabricio Costa vun de jonke Gréngen.

"Mir proposéieren also en Deel-Fong anzeféieren, deen Taxonomie-konform investéiert. Esou kann d'Regierung mat guddem Beispill virgoen an dat ass fir eis och eng Fro vu politescher Koherenz par Rapport zur Regierungspolitik an och zur Klimapolitik, déi d'Regierung sech op de Fändel geschriwwen huet."

Wuel géife beim Pensiounsfong zanter 2019 och nohalteg a gerecht Investissementer a sougenannte Green Bonds gemaach ginn, seet den Amir Vesali vun de Jonke Sozialisten.

"An deem Joer goufe sou ronn 330 Milliounen Euro a Projeten investéiert, déi e positiven Ëmwelt- a Sozialimpakt hunn. Wann ee rechent, dat entsprécht ongeféier 1,6 Prozent vu Gesamtinvestissementer vum Pensiounsfong. Dës Initiativ ass vun eiser Säit aus natierlech ze begréissen, mee et schéngt evident ze sinn, dass dat net duergeet. Dofir si mir als Jugendparteien der Meenung, datt dës Investissementer sollte mëttelfristeg bis op 10% eropgoen."

D'JuSos, déi jonk Gréng an d'JDL fuerderen iwwerdeems méi streng sozial Krittäre fir Investissementer, en Ausstig aus der Atomenergie an déi néideg personell a finanziell Ressource fir de Pensiounsfong an den Zukunftsfong, fir all dës Ziler z'erreechen.

Kritik vun de Jugendparteien / Rep. Fanny Kinsch