E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 542 läit.

Aktuell sinn 92 Patienten hospitaliséiert, dovunner 21 (-3) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Den 12. Januar goufe 429 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft. Am Ganze sinn dat elo 2.372 Leit, déi hir Piqûre kruten.

E Méindeg krut Lëtzebuerg jo nei Stocken: 1'200 Dose vu Moderna a bal 4'900 vu Biontech/Pfizer.

Nächste Méindeg ginn och déi éischt Leit mam Moderna-Vaccin am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg geimpft.

Mam aktuelle Lëtzebuerg Stock kënne 7'900 Persoune geimpft ginn, et kritt ee jo ëmmer zwou Dosen.

An den Altersheemer krute bis ewell eng 933 Leit de Vaccin.

An de Spideeler sinn et der 1950.

Ronn 3'000 Leit kënnen nach vum ablackleche Stock profitéieren, deen net verplangt ass. 3'720 Invitatioun goungen dofir u Gesondheetsprofessioneller eraus, déi net an de Spideeler schaffen wéi liberal Dokteren, Ambulancieren a Personal vun de mobille Hëllefsreseauen.

Wéinst engem technesche Problem kruten dann och 93 Leit eng Invitatioun, déi u sech keng sollte kréien, well se net zum Secteur gehéieren, deen elo Prioritéit huet. Hir Reservatiounscoden goufen desaktivéiert an déi concernéiert Persoune ginn informéiert.