An der Rue Arthur Thinnes zu Monnerech koum et e Mëttwoch de Moie géint 9.45 Auer zu engem uergen Aarbechtsaccident.

Bei der Montage vun der 12 Meter breeder Stee op engem Chantier goufen e Mëttwoch de Moien 2 Aarbechter blesséiert. Eng Persoun gouf uerg blesséiert an huet missen hospitaliséiert ginn.

Déi Tonne-schwéier Stee, déi mat Hëllef vun engem Kran montéiert gouf, ass zesummegefall an huet 2 Mataarbechter matgerappt, déi alle béid vun enger Eisestaang getraff goufen.

Aner Aarbechter, déi och un der Montage bedeelegt waren, konnte sech a Sécherheet bréngen a goufen net blesséiert. De Parquet an d'ITM goufen informéiert. Police an ITM waren och op der Plaz.