D'Glabecher Quell zu Noumer ass eng vu 4 Quellen, aus där d'Gemeng Noumer hiert eegent Drénkwaasser zaapt.

E risegt Lach, Réier, déi aus dem Buedem luussen a Waasser, wat aus dem Sandstee leeft. Den Ament lafen opwänneg Terrassementsaarbechten.

Am Oktober hunn d'Aarbechten ugefaangen a solle fir de Mee ofgeschloss sinn. Et geet drëms, den Awunner qualitéitsméisseg héichwäertegt Waasser ze garantéieren. Ausserdeem soll den Debit eropgesat ginn. Reegelméisseg kommen d'Gemengenaarbechter den Debit vun der Glabecher Quell kontrolléieren. Op 3 verschiddene Plaze geschitt dësen Exercice, fir duerno eng Moyenne z'arechnen.

Am Mëllerdall ginn et eng 60 Drénkwaasserquellen. Déi lescht Joren hunn Debite vun de Quellen allerdéngs ofgeholl. Grond ass de Manktem u Schnéi.

D'Gemeng Noumer, zu där e.a. och Kruuchten a Schrondweiler derzougehéieren, zielt eng 1.430 Awunner. Si verbrauche ronn 12.500 Fudder Waasser/Mount. Wéinst dem Camping klëmmt am Summer de Verbrauch op 15 Dausend Fudder.

2013 gouf d'Brouchbour Quell nei gefaasst. An e puer Méint misst dann och d'Glabecher Quell nees Drénkwaasser liwweren. Sou Aarbechte wären all 50 bis 100 Joer fälleg.

Viru ronn 20 Joer hunn déi Responsabel vun der Gemeng Noumer decidéiert, hiert eegent Drénkwaasser opzefänken. D'Zil war et, fir kee Waasser missen bei engem Syndikat ze kafen. Doropshin goufe nei Waasser-Leitungen tëscht den Dierfer geluecht mat Noumer als Zentral-Plaz.