Gëtt zu Lëtzebuerg séier genuch geimpft? Bis ewell kruten eng 0,3% vu der Populatioun de Covid-19-Vaccin.

D’Moyenne vun den europäesche Memberlänner läit mat 0,7% duebel esou héich. Dänemark huet souguer schonn 2% vun den Awunner geimpft.

Wéi sinn déi aktuell Stocke verplangt?

Zanter dem dem 26. Dezember krut Lëtzebuerg knapp 16.000 Dosisse Covid-19-Vaccin geliwwert. De Gros ass vu BioNTech/Pfizer, 1.200 Dosisse koume vu Moderna. 2 Dosisse sinn néideg, fir eng Persoun ze immuniséieren. Deemno kënne knapp 8.000 Leit mam aktuell disponibele Stock geimpft ginn.

An den 3 éischten Deeg vun der Campagne goufen am Impfzenter knapp 1.500 Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur geimpft.

D’Campagne an den éischten 11 Fleegeheemer hat lescht Woch ugefaangen. Bis Enn dëser Woch sollen hei 1.462 Residenten eng éischt Dosis vum Vaccin kritt hunn.

D’Spideeler iwwerdeems kruten ugangs der Woch Impfstoff fir knapp 2.000 Leit. Bleift nach e Reschtstock, fir 3.000 Persounen ze impfen. Heimat solle bis Enn Januar liberal Dokteren, grad wéi Personal aus de Fleegedéngschter geimpft ginn. 3.700 Invitatioune goufen dës Woch verschéckt.

De Retard...

Et géifen 2 Ursaache gi fir de Lëtzebuerger Retard vu ronn enger Woch op Däitschland, erkläert eng Persoun, déi direkt mat der Impfcampagne befaasst ass:

D'Verschécke vun Invitatiounen u Leit, déi an den Impfzenter geruff ginn, awer och d’Impfen an de Spideeler hätt zur Verspéidung gefouert. Aus logistesche Grënn hätten d’Klinicke réischt dëse Méindeg vu BioNTech/Pfizer kënne beliwwert ginn.

E Mëttwoch de Mëtteg koumen awer och déi speziell Nolen un, mat deenen ee souguer 6 Dosissen aus engem Flacon zéie kann. Bedeit, datt nach emol ee Sechstel Vaccin méi disponibel ass.