Bei enger Vitesskontroll huet en Automobilist d'Uweisunge vun der Police ignoréiert an ass einfach weider gefuer.

Kuerz dorobber krut hien en onbedeelegten Auto ze paken. Op der Plaz huet d'Police festgestallt, dass hie ronn 1 Kilo Marihuana bei sech hat. D'Droge goufe saiséiert an de Mann op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.