De Start vun der Impfcampagne hei am Land ass éischter zeréckhalend bis ewell a suergt och fir Froen.

De Start vun der Impfcampagne hei am Land ass éischter zeréckhalend bis ewell a suergt och fir Froen. Froe musse sech och déi 93 Leit gestallt hunn, déi net zum Santéspersonal gehéieren, déi viru kuerzem nawell eng Invitatioun geschéckt kruten, fir sech an der éischter Phas vun der Impfcampagne géint de Covid-19 vaccinéieren ze loossen.

Wéi d'Santé an hirer Retrospektiv erkläert, hätt et sech hei ëm en informatesche Problem gehandelt.

En technesche Feeler hätt zu enger falscher Selektioun vun de Leit gefouert. De Reservatiounscode vun den Invitatiounen gouf dorop hin desaktivéiert an déi concernéiert Leit wieren informéiert ginn, datt si sech nach e bëssche gedëllege mussen.

Bis e Mëttwoch goufen 3.720 Mataarbechter aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur ugeschriwwen, fir sech impfen ze loossen.