En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 545 läit.

Aktuell sinn 91-2 Patienten hospitaliséiert, dovunner 23 (+2) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,87. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Den 13. Januar goufe 499 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft. Am Ganze sinn dat elo 2.871 Leit, déi hir Piqûre kruten.