Dat huet den CSV-Parteipresident am RTL-Interview gesot an och annoncéiert, dass genee wéi d'CDU och d'CSV en digitale Parteikongress maache wäert.

D'CDU, déi géisst Partei an Däitschland huet en neie Chef. De Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet, konnt sech um 1. digitale Kongress an der Geschicht vun der CDU géingt de fréiere Fraktiounschef Friedrich Merz behaapten. Wat bedeit dat Resultat fir d'Uniouns-Partei am Superwaljoer 2021?

De Parteipresident vun der CSV, de Frank Engel reagéiert: "Dat ass e Mënsch, dee kann integréieren. Et ass e Mënsch, dee kann a wëll zesummeféieren. Et ass e Mënsch, deen d'Kontrovers net sicht. No der Zäit vun der Madamme Merkel hunn ech d'Impressioun, datt et déi logesch Fortsetzung eigentlech och vun enger Befindlechkeet an der Partei ass, déi och bei d'Madamme Merkel gepasst huet an déi elo bei deen dote President besser passt, wei bei en aneren."

Wichteg wier elo, dass d'Ausernanersetzungen eriwwer wieren, an dass d'Partei och en Vue vun de Walen am Hierscht erëm géif zesummefannen.

Fir de Frank Engel ass d'Kanzler Fro, wien am September also bei der CDU Spëtzekandidat ass, fir déi ouni zweiwel net einfach Nofolleg vum Angela Merkel unzegoen, un eng Konditioun gebonnen: "Breed Schëllere kann e jo nach hunn. An dann ass et eng Fro dovun, ob e schaffe gelooss gëtt. Den Norbert Röttgen sot a mengen Ae wichtegerweis: d'Ausernanersetzunge si mat där Wal hei eriwwer. Et ass iwwregens och keen op d'Iddi komm, fir d'Knappheet vum Resultat permanent an de Virdergrond ze stellen. Dat ass dann elo eriwwer. A vun elo un hänkt alles dovun of, ob déi Partei et fäerdeg bréngt, an dovu ginn ech aus, fir eng propper, flott, Gemeinschaftsinzenéierung ze maachen. Bis déi nächst Echeance am September."

Fir de Frank Engel steet eent fest. De Markus Söder vun der CSU wier nach net de Kanzlerkandidat. An den neie Mann un der Spëtzt vun der CDU, den Armin Laschet, huet hien d'breet Schëlleren? "Ech mengen, dass de Friedrich Merz ze vill mat senger eegener Wichtegkeet beschäftegt ass, fir e richteg gudde Kanzlerkandidat ze sinn. De Markus Söder kéint dat mat Sécherheet, well hie ka Ministerpresident vu Bayern, fannen ech, zimmlech gutt. Och wann ech hie scho laang kennen an hien och schonn anescht kannt hunn. Hien ass u sengem Amt gewuess, wat jo am Fong och näischt Verwerfleches ass. An den Armin Laschet steet fir mech an der Traditioun vu rheinesche Spëtzepolitiker, déi Däitschland zu sengem Virdeel bis elo regéiert hunn. Den éischte Kanzler Adenauer war där een, de Kanzler Kohl war där een an den Armin Laschet géif dat fir mech och warscheinlech gutt maachen."

Frank Engel CSV

Wärend dem Fréijoer misst d'CDU elo beweisen, datt se Däitschland duerch d'Virus-Kris gefouert kritt. An dann misst och e Programme en Vue vun der Bundestagswal op den Dësch. Wou d'Partei, déi e gewëssen Alter huet, weist, datt se sech nach eng Kéier nei erfanne kann, fir de Leit eng frësch Propos ze maachen. Eng Déift fir all Vollekspartei, an eiser Zäit, sou den CSV President. Deen och des Remark mécht: "Fir dann eng Campagne och kënnen op de Kandidat zouzeschneideren. Well dat ass jo Eppes, wat an Däitschland geschitt."

Nom digitale Parteidag vun der däitscher CDU, soll dann och de Parteikongress vun der CSV op Distanz ofgehale ginn. Dëst dann eng éischter Kéier och mat enger digitaler Ofstëmmung: „Dat gëtt sécherlech haut confirméiert, nodeems ee gesinn huet, dass dat kann esou funktionéieren, och mat enger Delegéierte-Populatioun, déi an der CDU änlech wéi bei eis, deelweis schonn an engem gewëssenen Alter ass. Mä ech mengen, dass een dat muss probéieren, dass een dat muss ugoen an et gesäit kräfteg duerno aus, wéi wann och eis nächst Wal digital géif stattfannen.“

Frank Engel CSV

De provisoreschen Datum fir de Kongress wier de Weekend vum 24. Abrëll.