E Mëttwoch de Moie koum et zu engem méi schwéieren Accident op der N19.

Een Automobilist, deen e Mëttwoch de Moie géint 7.30 Auer op der N19 vu Reisduerf a Richtung Wallenduerf-Bréck ënnerwee war, ass mat sengem Auto op d'Géigespuer geroden an do an d'Leitplanke gerannt. Wisou de Chauffeur d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, ass bis ewell nach net gewosst.

De Mann am Auto gouf beim Accident uerg blesséiert. Hie gouf vun de Rettungsekippen aus sengem Gefier befreit a gouf no enger éischter Behandlung op der Plaz an d'Klinick transportéiert.

D'Strooss hat wéinst dem Accident misse fir e puer Stonne gespaart ginn. Um 10.30 Auer huet d'Police se nees fräi ginn.

Op der Plaz waren de Samu aus der Fiels, wéi och d'Pompjeeë vu Reisduerf an Ettelbréck.