Wéi d'Police mellt gouf e Mëttwoch um 8 Auer e Kand um Square General Patton zu Stengefort vun engem Auto erfaasst.

D'Kand gouf blesséiert a koum an d'Kannerklinik. Wéi d'Police präziséiert, gouf et net schro verwonnt.

Et gouf protokolléiert.

Weider mellt de CGDIS nach eng Rei Accidenter.

Kuerz no 11 Auer hate sech zu Esch 2 Autoen ze pake kritt. Et gouf 2 Blesséierter.

Um 11.40 Auer war et eng Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto um Houwald an der Route de Thionville. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Kuerz virun 13 Auer war et nach emol en Accident mat engem Blesséierten tëscht 2 Ween, dës Kéier zu Elleng um CR162.

Géint 15.30 Auer ass zu Fluessweiler an enger laanggezunner Kéier um Feldwee CR122 eng Camionnette an ee Bagger, deen do stoung, gerannt. Hei sinn 3 Blesséierter ze bekloen. Wéi d'Police e Mëttwoch den Owend matgedeelt huet, gouf eng Persoun, déi hannen am Auto souz, ganz uerg un de Been blesséiert. Si gouf mam Helikopter an d'Spidol geflunn. De Chauffeur an de Bäifuerer koume fir eng Kontroll an d'Spidol.