Vun en Donneschdeg u gesinn d'Schwäizer Autoritéite Lëtzebuerg net méi als Risikogebitt un.

Dat heescht, Lëtzebuerger Residentë mussen net méi fir 10 Deeg a Quarantän, wa si an d'Schwäiz areesen. Wann d'Inzidenz op 100.000 Leit bannent 14 Deeg ëm 60 méi héich ass wéi d'Schwäiz, gëllt ee fir Bern als Risikoland.

Zënter Enn November war de Grand-Duché op där Lëscht.