Et war dësen Dënschdeg no 4 Méint de politeschen Retour vum Süd-Deputéierte Félix Eischen um Krautmaart.

Den CSV-Deputé-Maire war zanter Mëtt September wéinst Burn-out an enger Therapie, déi ofgeschloss ass, sou datt de 54 Joer ale Politiker nees an der Chamber un den Debatten a Votten deelhëlt.

Och de Poste vum CSV-Generalsekretär hat de Félix Eischen wärend sengem Traitement ofginn. Et ass iwwerdeem e Posten, deen de Felix Eischen net méi weiderféiert – dat deelt hien an engem Message um Méindeg mat.

Dës Charge gëtt bis zum CSV-Kongress am Abrëll weider vum Paul Galles iwwerholl – dann ass do e Vote ugesot – genee wéi iwwert d’Successioun vum Parteipresident.

Och d'Kielener Gemengepolitik hat de Felix Eischen jo rouegelooss, wou den LSAP-Schäffen Guy Scholtes déi lescht Méint d'Geschécker am Interim iwwerholl hat.

Den nächste Gemengerot dës Woch wäert de Félix Eischen nees selwer leeden.

De Félix Eischen ass nieft sengem kommunale Mandat zanter 2009 Deputéierte fir d'CSV. Zanter 2017 ass de fréieren RTL-Mataarbechter Buergermeeschter zu Kielen.