En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 570 läit.

Aktuell si 76 Patienten hospitaliséiert, dovunner 15 op der Intensivstatioun.

E Méindeg goufen iwwerdeems 842 éischt Dosissen an eng zweet Dosis vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 8.554 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.