E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 571 läit.

Aktuell si 70 Patienten hospitaliséiert, dovunner 15 op der Intensivstatioun.

En Dënschdeg goufen iwwerdeems 969 éischt Dosissen a keng zweet Dosis vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 9.525 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.