Déi 2 entspriechend Gesetzesprojete ginn amendéiert, respektiv ganz zeréckgezunn.

No de Reiwereien a Kriticken, datt den Educatiounsminister Meisch Wëlles hätt duerch d'Hannerdier d'ëffentlech Schoul ze privatiséieren, andeems héich Posten och fir Kandidaten aus dem Privatsecteur opginn, gëtt et lo en Accord tëscht dem Educatiounsministère an der Staatsbeamtegewerkschaft.

Deemno ginn déi 2 entspriechend Gesetzesprojeten amendéiert respektiv ganz zeréckgezunn.

Am Text, deen déi 3 Zerwisser vum SCRIPT, dem IIFEN an dem Centre de Gestion Informatique vum Ministère ugeet, gëtt d'Sproocheklausel gestrach - deemno mussen d'Kandidate fir bestëmmte Posten déi 3 administrativ Sprooche beherrschen.

Wat iewescht Posten an dësen Zerwisser ugeet, sou musse Kandidaten e Master-Ofschloss hunn a Minimum ewell 5 Joer beim Staat geschafft hunn - domat hu Leit aus dem Private keen direkten Accès méi op dës Posten.

Den zweete Gesetzesprojet iwwer iewescht Posten a 4 spezialiséierte Lycéeë gëtt iwwerdeem komplett zeréckgezunn an nei geschriwwen.

Concernéiert vun dësem Text sinn ënnert anerem d'Dikrecher Hotelschoul, d'Ackerbauschoul oder och de Lycée, wou Gesondheetsberuffer enseignéiert ginn.

Educatiounsministère a CGFP sinn sech eens ginn, datt e komplett neien Text muss verfaasst ginn, sou datt Leit, déi direkt aus dem Privatsecteur kommen, keen direkten Accès op Decisiounsposten an dëse 4 Lycéeën hunn. An dësem Text gëtt och festgeschriwwen, wéi eng Formatiounen Direktiounsmembere vun de 4 spezialiséierte Lycéeë musse matmaachen.

RTL